Description
An dësem Éischt-Hëllef-Cours léieren d’Participanten wichteg Grondlage fir Noutfallsituatioune mam Hond: Erkenne vu Warnsignaler, richtegt Handle bei Hëtzschlag, Vergëftung oder Verletzung, sécheren Transport bei de Veterinär an eng ganz Rëtsch Tipps an Tricks aus dem Alldag vun eisen Déierefleeger.
De Cours ass primär geduecht fir Gassigänger, Hondsbesëtzer oder Persounen, déi dat demnächst wëlle ginn. Et si keng Virkenntnisser néideg. De Cours ass ouni eegenen Hond.
Um 12:00 maache mir eng Stonn Mëttegpaus. Während der Paus muss d’Gebai verlooss ginn. Während der Dauer vum Cours kritt Dir Waasser (Spruddel a platt) zur Verfügung gestalt.
Parke kënnt Dir gratis um Parking vum Déierenasyl.
Nom Ofschloss vum Cours kritt all Participant eng Attestatioun.
Adress:
Déierenasyl
6, boulevard de Kockelscheuer
L-1821 Luxembourg

